Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Trei am Glaf, wéi Maria ënnert dem Kräiz
    • 3
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen auszublenden

3. Maria war trei, trotzdem si ëmmer hir Pläng huet misse changéieren.
Begéine mer net och emol Mënschen, deenen hir Pläng regelrecht durchkräizt
goufen, deenen hir Erwaardungen net erfëllt goufen? Mënschen, déi eppes
begruewe mussen, an dat se voller Erwaardungen an Hoffnungen eragetruede
sinn, a vun deem se elo d'Schiebelen an den Hänn droen - ewéi e Mariage
deen an d'Bréch gaangen ass, ewéi Kanner déi an den Droge verfaange sinn,
ewéi eng Entreprise déi faillite gemaach huet, d'Matdeelung vun enger
onheelbarer Krankheet, zerbrache Frëndschaft asw. Grad Mënschen, déi sech
och an der Kierch am Dingscht vun deenen aneren engagéieren, bleiwen dovun
net verschount. Jo, si emfannen et vläicht besonnesch schwéier.
Ass et net och e bëssen e Bild vun der Kierch haut fir déi Generatiounen,
déi sech vum Konzil en neien Opbroch erwaart hunn? Zu Jesus Christus stoen,
wann anerer vun him fortgelaf sinn, ass net liicht. An der gegenwärteger
Kierchesituatioun kann de Bléck op Maria, déi trei ënnert dem Kräiz steet,
äis zu neier Hoffnung berechtegen. Ënnert dem Kräiz huet hire Jong hir,
gläichsam als säin Testament, an der Persoun vum Johannes d'Kierch
uvertraut. Wéi kéint Maria, déi trei zu hirem Jong stung, net och trei zu
dësem Vermiechtnes stoen? Esou wéi si d'Mamm vum Jesus ass, ass si jo
d'Mamm vun der Kierch. Besonnesch a schwierege Situatioune steet si zur
Kierch.
Si ass och d'Mamm vun der Lëtzebuerger Kierch, déi sech an engem
couragéierte Reflexiounsprozess nei op hir Mëtt zoubewegt huet: Jesus
Christus - fir zesummen eng Kierch fir d'Mënschen am neie Joerdausend ze
sinn. Esou wéi de Johannes wëlle mer Maria bei äis huelen, äis hirem Schutz
uvertrauen, äis vun hirem Beispill inspiréiere loossen an an der Trei äis
eisem Optrag stellen um Ufank vun dësem neie Joerhonnert.
Kucke mer op Maria ënnert dem Kräiz, huele mer hiert Bild an eist Häerz!
Loosse mer äis vun deem Bild prägen a woe mer als Eenzel och als Kierch
den neien Opbroch aus der kierlecher Mëtt eraus eran an d'Welt vun haut.




zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License