Wéi
Christus déngen - duerch Diakonie
1. An dem
Auszug aus dem Matthäusevangelium, dee mer elo grad héieren hunn,
definéiert de Jesus d'Zil vu sengem Kommen an dës Welt: hien ass komm fir
ze dingen. Ënnert deem Aspekt musse mer säi Wierke gesinn, a besonnesch
fanne mer et illustréiert bei der Fußwaschung virum leschten Abendmahl. Fir
den Evangelist Johannes ass des Begebenheet esou wichteg an esou zentral am
Liewe vum Jesus, datt heen se, am Ënnerscheed zu deenen aneren
Evangelisten, aplaz vum Asetzungsbericht vun der Eucharistie bréngt.
D'Existenz vu Jesus Christus ass eng Proexistenz, eng Existenz fir déi
aner, also en Dingscht. De Jünger vum Jesus ass grouss an deem Mooss, wéi
en sech an den Dingscht vun deenen anere stellt.
Wat am Liewe vu Jesus prägend war, a wat hee vum Jünger verlaangt, dat
gëllt och fir d'Kierch, déi duerch Jesus Christus duerch d'Joerhonnerten
erduerch de Mënschen d'Erléisung zougängeg maache wëllt. D'Kierch ass do
fir ze dingen. An et stëmmt
schon, wat e franséische Bëschof sot: "Une
Eglise qui ne sert, ne sert à rien. Eng Kierch, déi net dingt, dingt zu
näischt". Well d'Dingschtfunktioun esou eng eminent Funktioun an der
Kierch ass, huet och e speziellen Aarbechtsgrupp vun eiser
Diözesanversammlung sech intensiv dermat befaasst. An d'Membere vun der
Versammlung hu mat grousser Majoritéit Prioritéite gestëmmt, déi et gëllt
ëmzesetzen an zu pastorale Leitlinne fir déi kommend Joeren ze maachen.
|