2.
Wien ass verantwortlech fir
d'Weidergi vum Glawen? Et ass dat déi éischt
Missioun vun der Kierch als sollech, mä d'Kierch wierkt eran an d'Welt
duerch déi, déi zu hir gehéieren, déi mer jo oft als déi
"Gleeweg"
bezeechnen.
De Glawe kann een nëmmen duerch e Liewen aus dem Glawe weiderginn, well et
stëmmt schon, a vläicht haut nach méi ewéi viru 25 Joer, wat de Paul VI. a
sengem deemolegen apostolesche Schreiwen "Evangelii nuntiandi"
behaapt
huet: "De Mënsch vun haut lauschtert léiwer op Zeien ewéi op Geléierter,
wann en awer op Geléierter lauschtert, dann ebe well se Zeie sinn."
De Bëschof von Aachen, dee virun e puer Joer gestuerwen ass (+1994), huet
säi leschten Hierdebréif, deen no sengem Dout virgelies gouf, mat folgender
Geschicht aus dem Liewen ugefaangen. Heen huet eng befrënnt Famill besicht,
an do erzielt e Papp him, datt virun e puer Deeg hiert klengt Meedchen
heemkoum an e mat der Fuerderung iwwerfall hätt: "Erziel mer vun dengem
Gott!" De Bëschof fiert da virun a schreift, ob et der haut wuel nach vill
gëtt, déi déi Fro stellen, an ob et der wuel vill gëtt, déi dorop eng
Äntwert kéinte ginn.
Et ginn der sécher méi ewéi ee mengt, déi déi Fro stelle géifen - wann se
engem géife begéinen, vun deem si eng Äntwert erwaarde géifen. Wéi géife
mir reagéieren, wann een äis déi Fro géif stellen? Kéinte mer eng Äntwert
drop ginn, déi wierklech eng zefridde stellend Äntwert wäer? Bei där
Äntwert geet et net drëm, fir iwwer Gott ze schwätzen, mä vu Gott, un dee
mer gleewen an zou deem mer eng gleeweg Beziehung hunn. Et geet ëm d'Fro:
Glawen, wéi geet dat? Déi Fro stellt een net un de Glawen, mä un deen, dee
gleeft.
Deen dee gleeft, muss sech bewosst sinn, dass säi Glaf net am éischte
Schrëtt louch, den heen op Gott zougemeet huet, mä am éischte Schrëtt, dee
Gott op heen zougemeet huet. Glawen ass Geschenk, an de Mënsch kann nëmme
soen, ewéi de Péitrus gesot huet: "Här, ech gleewen, hëllef mengem
Onglawen."
|