2.
Jesus Christus ass d'Mëtt vun der
Kierch an hee beréiert äis ganz
perséinlech, an dat a konkreten Zeechen, déi mer Sakramenter nennen. Dat
eigentlecht Sakrament ass Christus selwer, well duerch säi Leiden, säin
Dout a säin Operstoen huet en äis erléist. Esou fléissen d'Sakramenter wéi
Erléisungsstréim eraus aus sengem duerchbuerten Häerz, fir datt mer duerch
si Zougang zum Liewe mat dem operstanenen Här kréien; esou gëtt dat Liewen
eng ëmmer méi räich Wierklechkeet an äis. Dës Erléisung gëtt äis vermëttelt
duerch d'Kierch, an där sech am Laf vun der Geschicht siwen
Erléisungsstréim gebilt hunn, an déi nenne mer déi siwe Sakramenter. Dës
Sakramenter sinn net willkürlech Erfindunge vun der Kierch, mä si si
fundamental am Wierke vum Jesus ugesiddelt. A sengem Kräiz geet d'Heel vun
de Mënschen un, aus sengem Dout entsteet Liewen, a sengem Affer ass all
Gnod enthalen, déi äis an dem siwefache Sakramentestroum geschenkt gëtt.
Well dëse Stroum aus dem Kräiz ervirgeet, fléisst en op äis zou un éischter
Stell duerch d'Gediechtnesfeier vum Dout an Operstoe vu Jesus Christus, der
Massfeier. An der Massfeier gëtt den Dout an d'Operstoe vu Jesus Christus,
an der Kraaft vum Hellege Geescht, an eis Zäit an an d'Welt era
géigenwäerteg gesat, a vun hir aus fléisst äis d'Erbaarme vu Gott zou. An
der Eucharistiefeier realiséiert sech d'Kierch, wéi soss néirens, an dofir
seet dat lescht Konzil, dass d'Eucharistie den absoluten Héiepunkt ass,
datt vun hir alles, wat gutt a schéin ass, ausgeet an a si alles
zeréckfléisst. Wéinst dëser erausragender Plaz vun der Mass am
Erléisungsgeschéie ginn och villfach d'Sakramenter am Kader vun der Mass
gefeiert. Esou ass de Spendungsuert vun der Priisterwei d'Eucharistiefeier,
normalerweis spenden sech an hir d'Koppelen d'Sakrament vum Mariage; esou
hu mer och hei an der Kathedral am Laf vun enger Mass de leschte Samschdeg
d'Krankesakrament gespent, op Plaze gëtt sonndes an der Haaptmass d'Daf
gespend.
|