Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Nei kierchlech Bewegungen,
    • 1
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen auszublenden

1. De Poopst Johannes XXIII., deen den 3. September vun dësem Joer séileg
gesprach gëtt, huet en Ausdrock geprägt, deen zu enger Art Schlagwuert ginn
ass: "Mer mussen d'Zeeche vun der Zäit erkennen."  D'Zeeche vun der Zäit
erkennen, heescht an der haiteger Zäit, an der Kierch vun haut, déi Zeechen
erkennen, déi op den Hellege Geescht zeréckginn, an esou zu Hoffnung
berechtegen. Ee spriechend Zeechen, dat zu Hoffnung berechtegt, sinn déi
nei kierchlech Bewegungen, déi an de leschte Joerzingten an der Kierch
entstane sinn.
Nom II. Vatikanesche Konzil, dat gréisst kierchlech Ereegnes vum leschte
Joerhonnert, dat d'Kierch fir dat neit Joerdausend virbereede sollt, ass
d'Kierch schon uerdentlech duerchgerëselt ginn, och bei äis. Déi erwaarte
Friichte sinn zum gréissten Deel ausbliwwen. Bei ville Mënschen huet dat
Enttäuschung a Resignatioun ervirgeruff, vill hunn der Kierch de Réck
gedréint a sichen hiert Heel anerwäerts. Mer däerfen äis deem net
verschléissen, veronsécheren dierf et äis net. Et ass dat e Phenomeen,
dat sech no all Konzil ereegent huet. De Kardinol Ratzinger huet kierzlech
d'Auswierkunge vum Konzil op den Organismus vun der Kierch verglach mat de
Folgen, déi eng schwéier Operatioun op de mënschleche Kierper huet. E
chirurgeschen Agrëff erweist sech muenchmol als noutwendeg, e sëtzt den
Organismus zäitweileg a Schwieregkeeten a rifft Komplikatiounen ervir, ier
seng positiv Säiten zum Droe kommen.



zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License