3.
Dës kierchlech Bewegunge bréngen
duerch hiren Dynamismus, hire Bezug zum
Evangelium an hir Freed Faarf an d'Kierch eran. Duerch si gëtt d'Kierch zu
engem permanente Fréijorsgaart, wou eng Vielfältegkeet vu Blumme bléien, an
zesumme maachen si d'Schéinheet vum Gaart aus. Jo, et ass och esou, dass
een sech déi Blumm aussicht, déi engem am beschte gefällt an am meeschten
zouseet. Déi Blumme bléien net fir sech, mä fir déi aner a leschten Enns
leeën se Zeechnes vun der Schéinheet an der Harmonie vu Gott of.
D'Bewegungen sinn net do fir sech, esou wéi d'Kierch sinn si ni
Selbstzweck, mä do fir d'Welt. All Bewegung ass ewéi eng auserwielt
Wunneng, wou Mënschen sech dran afannen an dran zesummefannen. Et si
Wunnéngen, wou d'Fënsteren an d'Diere grouss op sinn, fir engersäits de
Geescht, dee jo bléist wou e wëllt, eranzeloossen. Mä awer och op si fir
d'Mënschen, an dobäi ass et net wichteg, dass se dra bleiwen, mä datt se de
Moment wou se dra sinn, sech wuel fillen, Verständnis a Gebuergenheet
fannen, fir erëm mat neiem Courage eraus an d'Liewen ze goen, fir hinnen
esou eng Kur vu gelieftem Evangelium ze vermëttelen.
Esou eng Kuer brauche mer, si ass noutwendeg fir d'Liewe vun der Kierch. An
esou weisen d'Bewegungen äis op, wéi d'Friichte vun esou enger Kur
ausgesinn. Wat wëllt de Geescht äis duerch si matdeelen? Un éischter Stell
wëllt en duerch d'Liewe vun de Membere vun deenen eenzele Bewegungen
opweisen, datt mer der spiritueller Dimensioun an eisem perséinlechen a
gemeinschaftleche Liewen d'Prioritéit musse ginn. An dass dës geliefte
Prioritéit onweigerlech zu engem neie missionareschen Asaz féiert. Si
weisen äis op, dass et net ëm d'Multiplizéiere vu pastorale Programmer
geet, mä ëm d'Verbessere vun de Rapporen ënnert deenen eenzelne Mënschen.
Firwat deem esou ass, huet de Poopst Jean Paul II. esou ausgedréckt: "Das
Wort Gottes in den konkreten geschichtlichen Verhältnissen zu leben, werden
sie so durch ihr eigenes Zeugnis zum Ansporn für einen immer wieder
erneuerten geistlichen Fortschritt. Sie leben die zeitliche Wirklichkeit
und die menschlichen Werte dem Evangelium entsprechend und bereichern die
Kirche mit einer unendlichen und unerschöpflichen Vielgestaltigkeit von
Initiativen auf dem Gebiet der Liebe und der Heiligkeit."
D'Membere vun de kierchleche Bewegunge versichen ëmmer erëm, Gott de Primat
an hirem deegleche Liewen ze ginn. Si liewen aus engem biblesch fundéierten
a praktesch erfuerenen Gottvertrauen, dat leschtlech aus dem Glawe kënnt,
datt Gott Papp ass voller Léift an Erbaarmen, deen sech eis Erléisung deier
kaschte gelooss huet: den Dout vu sengem Jong - "um den Knecht zu erlösen,
gabst du den Sohn dahin", hu mer jo an der Ouschternuecht am Exsultet
gesongen.
Esou sinn am Fong déi nei kierchlech Bewegungen an der Kierch vun haut ewéi
e Reflet vu Maria. Maria war ganz ausgeriicht op Gott, radikal offe fir
heen, komplett do fir säin Opdrag. Maria war bereet, dem Hellege Geescht a
sech Raum ze ginn a sech sengem Wierke ganz ze iwwerloossen. An der Kraaft
vum Hellege Geescht huet si d'Wuert vu Gott an hirem Schouss opgeholl an
him d'Méiglechkeet gi Fleesch unzehuelen. Esou ass Gott virun 2000 Joer a
Jesus Christus an dës Welt eragetratt. Dat Ereegnes feiere mer jo
besonnesch an deem Joer, dem Joer vum Grousse Jubiläum.
|