5.
Dës Visioun vu Kierch, als enger
Kierch, déi missionaresch ass, kann
nëmmen duerch den Hellege Geescht realiséiert ginn. Esou musse mer och
weiderhin eng Kierch sinn, déi op dee Geescht lauschtert. Also eng Kierch,
ewéi déi am Abendmahlssall, an do war Maria derbäi. An eiser
Diözesanversammlung hu mer dat versicht, mä och do war net alles
vollkommen. Loosse mer um Schluss von dëser Oktav Maria niewent eisem
perséinlechen Uleies d'Uleies vun der Kierch zu Lëtzebuerg unemfielen,
loosse mer virun allem hir eist Beméien an d'Hänn leeën, fir ëmmer méi eng
Kierch fir d'Mënschen ze ginn.
Esou soll Maria och ëmmer bei allem, wat mer iwwerleeën, plangen an
ënnerhuelen, derbäi sinn, fir datt alles, wat aus dem Schouss vun der
Kierch vu Lëtzebuerg erwiesst, Fruucht vum Wierke vum Hellege Geescht ass.
Mer sollen äis ëmmer méi bewosst ginn, dass fir ze evangliséieren, mär äis
un éischter Stell selwer evangeliséiere musse loossen. Ëmmer musse mer äis
dem Opruff vu Christus als Kierch an als Eenzel stellen, déi mer jo
zesummen d'Kierch bilden: "Bekéier dech a gleef un d'Evangelium"!
|