Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Christus dréit mat äis eis Krankheeten
    • 1
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen auszublenden

Christus dréit mat äis eis Krankheeten
1. "Wahrlich, unsere Krankheit hat er getragen, unsere Schmerzen auf sich
genommen."  Esou biede mer an enger Vesperantiphon an der Faaschtenzäit. Et
ass dat eng Ausso iwwer Christus, deen um Kräiz gestuerwen ass. A sengem
Leiden a Stierwen huet heen alles op sech geholl: eis Sënn, eist Versoen,
eist Elengsinn, eis Schmierzen, eis Gebriechen, déi den Alter mat sech
bréngt, alles wat äis bedréckt an nidderdréckt. Jesus Christus huet et op
sech geholl an sech dermat identifizéiert - ausser der Sënn - an alles dat
a säi Kreesch "Papp, firwat hues Du mech verlooss?" sengem Papp
entgéintgeruff. Heen huet sech eleng gefillt, heen huet de Kelch vum Leide
bis zur leschter Drëps ausgedronk. säi Papp huet alles entgéintgeholl,
hee war do, wéi hätt heen säi Jong, deen en immens gären huet, grad an
dësem Moment, wou deen säin héchtsen Akt vu Gehorsam a Léift duerchlieft,
eleng loosse kënnen? De Papp war do, net ze gesinn, a sécher war seng
Haltung an dësem Moment déiselwecht wéi um Bierg vun der Verklärung, wou en
de Jünger gesot huet: "Dat hei ass mäi Jong, deen ech gären hunn, op heen
soll der lauschteren".




zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License