Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • D'Kierch, Fënster vum dräifaltege Gott
    • 4
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen auszublenden

4. A Jesus Christus lieft och a senger Kierch vu Lëtzebuerg, haut an hei.
Mat den Themen, déi mer an de sechs Aarbechtsgruppe vun der
Diözesanversammlung behandelt hunn, leie mer schon an der richteger
Richtung. Et geet do ëm Froekreeser, déi och an der europäescher Synod
behandelt goufen, ëm Themen, déi och villfach an aneren Diözesen
debattéiert ginn. Mär ginn se allerdings aus eiser spezifesch Lëtzebuerger
Situatioun un. Hale mer äis awer virun Aen, ëm wat et gaangen ass an och
bei der Duerchféierung vun de Beschlëss wäert goen. Et geet ëm d'Erneierung
an der Kierch vu Lëtzebuerg. Et geet drëm, fir mat engem neien Elan an
enger neier Hoffnung d'Wierk vun der Evangeliséierung weiderzeféieren.
Dësen Elan an dës Hoffnung wënschen ech äis all, och elo fir d'Oktav. Maria
soll duerch hiert Antriede bei hirem Jong äis derzou verhëllefen an äis mat
hirem Trouscht och den Hellege Geescht fir dës hoffnungsvoll Erneierung
erbieden.




zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License