D'Kierch vu Christus, eng Kierch fir jonk Leit
1. Kierzlech huet de Bëschof vun Tréier
geschriwwen, dass wann hee jonke
Mënsche begéint, heen hinne gewéinlech géif soen: "Dat Eenzegt, wat Gott
vun iech erwaart, ass dass der äert Liewen eescht huelt. Eigentlech ass
domat jo net zevill verlaangt."
Vum Ufank vu sengem Pontifikat un, also zënter bal 22 Joer, gëtt och de
Poopst Jean-Paul II. net midd, ëmmer erëm d'Jugendlech opzeruffen, sech
bewosst ze sinn, datt si nëmmen ee Liewen hunn an dass et drop ukënnt,
dësem Liewen déi richteg Orientéierung ze ginn. Fir si ëmmer erëm op hirem
Wee ze encouragéieren, duefir huet de Poopst d'Weltjugenddeeg an d'Liewe
geruff - deen 22. dervu gëtt am August zu Roum gefeiert. Och eng
Delegatioun vu Lëtzebuerger Jugendlecher hëllt dorun deel. Wann dës
Weltjugenddeeg organiséiert ginn, da wëllt sech doduerch d'Kierch net op
eng bëlleg Manéier bei de Jugendlechen ubidderen, mä si wëllt hinnen e
Message vermëttelen, deen hinnen hëllefe kann, datt hiert Liewe geléngt.
|