2.
Jong Mënsche sinn op fir d'Liewen a
fir dat Neit, wat virun hinne läit.
Si ënnerhuele Versucher, fir op de Sënn vum Liewen nei Äntwerten ze fannen.
Si erfueren awer och oft schmäerzhaft hir Grenzen an hunn Angscht, dass hir
Erwaardungen net erfëllt ginn.
Si sichen no Ausweeër, déi no verschidde Richtunge féiere kënnen. Si
versichen duerch Upassung an onkritescht Verhalen der Konsumgesellschaft
nozeginn. Si zéien sech zeréck an hir eege Liewens- an Erfarungswelt duerch
eng eege Sprooch, Moud, Frisur, Kleedung. Si bauen sech eng eege Wonschwelt
mat eegene Wäertvirstellungen op. Se flüchten eraus aus de
gesellschaftleche Verflichtungen, ginn ufälleg fir Drogen, Alkohol,
esosteresch Mouvementer a Sekten, Kriminalitéit. Si verléieren all
Zukunftsperspektiven a maachen oder versiche mat hirem Liewe Schluss ze
maachen.
Anerer awer sichen en aneren Auswee. Et ass eng grouss Zuel vu jonke
Mënschen, déi de Mutt hunn, sech géint den Trend ze stellen. Si sehnen sech
no erfëlltem Liewen, no echter Fräiheet a Gemeinschaft, se stellen sech
d'Fro nom Sënn vum Liewen, se wëllen hiert Liewen an d'Hand huelen, et an
de Grëff kréien. Si entwerfen sech e Liewensprojet. Si loossen sech
regelrecht interpelléieren duerch d'Nout an der Welt, duerch den Honger vu
Mënschen, duerch Mënschen op der Flucht, duerch Mënschen, déi un de Rand
vun der Gesellschaft gedrängt ginn. Si entdecken hiert Häerz fir déi aner
an eng Generositéit kënnt an hinnen op, déi fir Erwuessener munchmol
onverständlech ass.
|