3.
Si sichen no Virbiller, déi si
encouragéiere kënne fir hir Aspiratiounen
ze realiséieren, Virbiller, déi hinnen Orientéierung gi kënnen. An do ass
d'Kierch gefuerdert, net fir hinnen un éischter Stell eng Léier oder e
Programm virzestellen, mä fir hinnen zu enger Begéinung mat deem ze
verhëllefen, deen all hir Aspiratiounen erfëlle kann: Jesus Christus, deen
deeselwechten ass gëschter, haut an éiweg!
A Jesus Christus fannen si alles, wat si als Mënsche vun hirer Zäit an an
hirem Liewensabschnitt brauchen. Well an him went Gott selwer sech hinnen
zou, an dat an engem mënschleche Gesiicht. Dëst Gesiicht liicht hinnen net
vu Plakater entgéint an och net vun den Titelsäite vun de
Boulevardzeitungen. Mä an hirem éierleche Sichen ass et méiglech, dëst
Gesiicht ze fannen - an honnerte vu Jugendleche bezeien dat. Si kënnen dëst
Gesiicht fannen, well et sech hinne jo virdrun, ier se sech op d'Sich
maachen, zougewant huet. Et
gëllt ze maachen, wéi et an engem Lidd heescht:
"Laisse-toi regarder par le Christ, car il t'aime"! Am Evangelium vum
"Reiche Jüngling" hu mer et erfuer. An Dausende vu Jugendlecher hunn
déi
begléckend an ermuddegend Experienz um Weltjugenddag virun dräi Joer zu
Paräis gemat, wou se ëmmer gerad mat dësem Evangelientext konfrontéiert
goufen.
|