En Humus fir kierchlech
Beruffer
1. "Am
ersten Tag der Woche lief Maria von Magdala schnell zu Simon Petrus
und dem Jünger, den Jesus liebte." De Jünger, deen de Jesus gär hat,
esou
definéiert de Johannes sech selwer. Ass dat net e bëssen audacieux? Sécher
schon, an d'Jalousie dowéinst ënnert den anere Jünger ass och net ausbliwwen.
D'Wal vu Gott ass schon eegenarteg. Firwat deen een an net deen aneren? Mä
de choix, dee Gott trëfft, ass e perséinlechen, un eng konkret Persoun
geriicht. Komm Du! All Mënsch huet esou eng eemoleg Vocatioun, gläich wéi
se och ëmmer ausgesäit. Um Mënsch ass et, déi Vocatioun erauszefannen an ze
bejoen a säin "Hei sinn ech, ech si bereet" ze soen, an am deeglechen
Eenerlee ze liewen. Beruffung ass jo net un éischter Stell fir sech selwer,
mä et kritt een se fir den Opbau vum Läif vu Christus. Dat gëllt besonnesch
fir d'Beruffunge fir en Dingscht an der Kierch.
An esou sinn an der Kierch ëmmer verschidde Beruffunge präsent - esou war
et zu allen Zäiten - mä zum Wuel vum Ganzen. Ënnert anere Beruffunge gëtt
et och haut Péitrus- a Johannesberuffungen. Péitrusberuffungen: Beruffunge
fir an de Strukture vun der Kierch Verantwortung ze droen.
Johannesberuffungen, déi d'Funktioun vun der Animatioun an der Kierch hunn.
Beruffungen zu dësen zwou Kategorie mussen et ëmmer ginn. Eng schléisst déi
aner net aus, si si complémentaire. Och an deem fir den Dingscht an der
Kierch Beruffene mussen se sech ergänzen. Geschitt dat net, kéint deen esou
Beruffenen, trotz allem gudde Wëllen, liicht an ouni et ze mierken, zu
enger Art Torso ginn.
|