2.
Eng Beruffung, wéi se och ëmmer
ausgesäit, déi den Eenzelnen als seng
ureegen erkennt, ass a bleift Geschenk - e permanent Geschenk. Duerfir ass
et scho wichteg, datt een sech ëmmer dohi begeet, zu deem higeet, deen se
gëtt fir eng Missioun: zu Jesus Christus. Esou wéi de Johannes misste mer
eise Kapp op d'Häerz vum Jesus leeën. Dat kléngt villäicht sentimental, mä
et ass eng Viraussetzung vun der Trei. Gläich watfireng Verantwortung mer
an der Kierch hunn, Geeschtlech oder Laien am kierchlechen Dingscht,
dierfte mer äis net un éischter Stell als Responsabel gesinn, mä als Frënn
vum Jesus, vun him erwielt, an d'Intimitéit mat him geruff fir seng
Häerzensgeheimnisser ze erfueren, seet hien dach: "Ech nennen iech net méi
Kniecht, mä Frënn, well alles wat ech vu mengem Papp weess, hunn ech iech
matgedeelt." Do gesi mer wéi wichteg et ass, dat mer an eng Haltung
vun
Opmierksamkeet, eng attitude d'écoute, erawuessen. Och dat ass e Prozess,
deen e ganzt Liewen undauert - "avec des hauts et des bas".
|