4.
Bewosst hale mer äis d'Uleies vun de
kierchleche Beruffer virun Aen.
D'Kierch vu Christus, déi hei zu Lëtzebuerg ass, brauch Priister,
Uerdensleit a Laien an de verschiddene kierchleche Beruffssparten,
besonnesch an der Pastoral an am Reliounsunterrecht. Mat ville Froen a mat
Suerg sti mer virun der Feststellung, datt besonnesch Priisterkandidaten an
Aspirante fir d'Uerdensliewen ëmmer méi ausbleiwen. Wat kënne mer, ausser
fir Beruffunge bieden, nach maachen?
Villes hängt leschtlech vun der gesamter Lokalkierch, also vun äis all, of.
All Chrëschten droen zum Gesamtklima an der Kierch bäi, an dëst Klima ass
kierchleche Beruffungen entweder förderlech oder abträglich. Wéi situéiere
mir äis? Un äis ass et, eis Dafberuffung ze erneieren, d'perséinlech
Hellegkeet als prioritär Zil vun eisem Glawesliewen unzestriewen an am
Gebiet net nozeloossen. Besonnesch recommandéieren ech d'Gebiet virum
Tabernakel, eenzel oder a Gemeinschaft. A firwat net sech dem "monastère
invisible" uschléissen, deen eis Pastorale des Vocations gestart huet,
ebenfalls fir ëm Beruffer ze bieden. Beruffer - grad och Priisterberuffer,
déi mer esou bluttnoutwendeg brauchen - kënnen nëmmen an enger
geeschtlecher Atmosphär gedeien, an hei si mir all gefuerdert. Si mir
selwer chrëschtlech Idealisten an Optimisten, esou iwwerdréit sech dës
Gesënnung och op jonk Mënschen. Nëmmen op engem fruchtbare chrëschtlechen
Humus kënne Beruffungen entstoen a wuessen. Jee méi mir Chrëschten all eise
Glaf eescht huelen an doraus liewen, ëmsou méi kënne sech dorun dauerhaft
kierchlech Engagementer festmaachen. Lieweg kierchlech Gemeinschafte
bereeden de Buedem fir Beruffungen.
Jong Mënsche si gefuerdert! Un si riichten ech e waarmen Appell, bei der
Planung vun hirem Lieweswee Gott net einfach aus dem Spill ze loossen, mä
ze lauschteren, ob hien si net vläicht fir den Opbau vu sengem Räich als
Aarbechter oder Aarbechterin brauch. Oder als gudde Som, deen hien an
d'Mënschheet, an eis Gesellschaft, an eis Kierch séinen an do keime loosse
wëllt. Dozou, ofschléissend, en afrikanescht Spréchwuert: "Wo Gott dich
hingesät hat, da sollst du blühen." 7. Oktav-Priedegt
|