3.
Wann d'Kierch hire Weltopdrag eescht
hëlt - an dat muss se, soss gëtt se
hirer Sendung ontrei -, da muss si eng prinzipiell positiv Astellung zur
Welt hunn. Wa mer vu Weltopdrag schwätzen, da gëllt dat net fir d'Welt am
Allgemengen, mä fir d'Welt, wou d'Liewe vum Mënsch sech ofspillt, an dat si
verschidde Welten: déi vun der Famill, vun der Politik, der Wirtschaft, der
Aarbecht, der Schoul, der Fräizäit asw. An dëse verschiddene Welte wéckelt
d'Liewe vum Mënsch sech of, jo an hinne muss de Mënsch sech entfale kënnen,
sech realiséiere kënnen.
Et geet ëmmer ëm eng Kärfro, an däer hu mer äis och resolut an eiser
Diözesanversammlung gestallt, jo eng eege Kommissioun huet sech dermat
ausenaner gesat: Wéi gesäit d'Kierch selwer, vum Glawen erliicht, dës Welt
an hir Froen a Problemer? Wat kann se maachen a wat wëllt se maachen, fir
bei der Léisung de Mënschen en Dingscht ze leeschten, well fir den Dingscht
ass si vu Christus mandatéiert, a fir den Dingscht huet si d'Gof vum
Hellege Geescht kritt!
D'Kierch muss sech nüchtern a mat groussem Realitéitssënn ëmmer dëser Fro
stellen, dës Fro als bestännech u si geriichten Défi muss si opgräifen.
|