Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • An der Welt, awer net vun der Welt
    • 5
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen auszublenden

5. A grad fir d'Wierken an d'Welt eran ass Maria e Modell. D'Bezéiung vu
Maria zur Kierch ass eng eemoleg. Et ass eng ural Iwwerzeegung, dass a
Maria d'Kierch e Modell huet. A Maria ass d'Bedeitung vun der Kierch fir
d'Heel vun alle Mënsche virbildhaft verwierklecht. Si ass als éischt
eragezu ginn an d'Heelswierk vu Jesus Christus an si huet op eng
onwiderhuelbar Manéier - duerch hir Bereetschaft, an hirem Schouss dem
Wuert Gottes Mënschegestalt ze erméiglechen - um Heelswierk aktiv
partizipéiert. An der Präfatioun vun der Mass, déi Maria als Urbild vun der
Kierch feiert, heescht et: "In der Jungfrau Maria hast du der Kirche ein
Bild geschenkt von ihrer mütterlichen Aufgabe. Wir sehen die Mutter
fruchtbar durch die Kraft des Heiligen Geistes und besorgt um das Heil der
Menschen..."   An dëst Heel vun de Mënsche verwierklecht sech durch
d'Kierch an der Welt.




zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License