2.
Esou ewéi deemols de Jesus déi Krank
ugekuckt huet, esou rout säi Bléck
elo op iech. Awer net nëmme säi Bléck rout op iech, hee beréiert iech och.
Well et ass heen, deen iech duerch d'Hand vum Geeschtleche beréiert an iech
zu Hëllef kënnt. Och wann dir net vun der Krankheet oder dem Behënnertsi
geheelt gitt, sou schenkt en iech dach seng Kraft a seng erbaarmend Léift
duerch d'Sakrament vun der Krankensalbung.
Bei der Salbung gëtt den Uelech benotzt, deen an der Helleger Woch geseent
gouf. Duerch dës Wei huet Gott gläichsam d'Hand op den Uelech geluecht, fir
en zu sengem Instrument ze maachen an duerch dësen Uelech dem Mënsch
sichtbar a fillbar säin Erbaarmen ze schenken. De Priister hëlt den Uelech
fir iech ze salben. En hëlt en awer net ewéi en Doktor oder eng Infirmière
oder en Infirmier eng Saalef hëlt. De Priister kritt dësen Uelech
geschenkt. Et ass en Zeeche vun der Zouwendung vu Gott zum Mënsch hin. De
Priister handelt an der Persoun vu Christus, wann en iech mat dem Uelech
salbt. Op d'Stir gitt der gesalbt. Mat der Stir ass déi geeschteg
Dimensioun vum Mënsch gemengt, do wou de Mënsch denkt, plangt an entscheed.
D'Hänn sti fir de Mënsch deen upaakt, zougräift, mä déi en awer och zu Gott
erhiewe kann, fir seng Hëllef unzeruffen an him merci ze soen. Esou steet
d'Stir an stin d'Hänn stellvertriedend fir de ganze Mënsch. De ganze Mënsch
ass krank, duerfir soll de ganze Mënsch vum hellegen Uelech erfaasst ginn.
Mä d'Haltung vu Gott, deen a Jesus Christus fir d'Mënsche Mënsch ginn ass,
gëtt am Gebiet duerch d'Wieder "in seinem reichen Erbarmen"
charakteriséiert. Heen ass dee groussen Erbaarmer, deen aus sengem Ënnerste
mat dem Mënsch matfillt. An da gëtt déi gëttlech Hëllef nach
charakteriséiert duerch d'Wierder: "Er stehe dir bei mit der Kraft des
Heiligen Geistes." Duerch d'Geschenk vum Hellege Geescht kënnt Gott op är
Säit fir iech opzeriichten, fir iech ënnerlech Kraaft ze ginn, sou dass der
net braucht ze verzweifelen.
D'Krankensalbung riicht sech un de ganze Mënsch. Et geet dobäi ëm seng
kierperlech a geeschteg Heelung, ëm seng kierperlech a geeschteg Nout aus
där Gott en erausféieren wëllt, eran an d'Fräiheet vun de Kanner Gottes.
|