Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Zäit vu Christus - Zäit vun der Kierch
    • 2
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen auszublenden

2. Dat ass déi Zäit, an där mer liewen. Et ass d'Zäit vun der Kierch, déi
op den erëmkommende Christus ausgeriicht ass. Si ass op dem Wee duerch
d'Zäit a geet op deem Wee dem kommende Christus entgéint. D'Äntwert vum
Vollek op de Ruf "Geheimnis des Glaubens" an der Massfeier gräift dës
Perspektive op: "Deinen Tod, o Herr, verkünden wir und deine Auferstehung
preisen wir, bis du kommst in Herrlichkeit."
Zwëschen dem Fortgoe vu Christus a sengem Erëmkomme muss d'Kierch hiren
Opdrag erfëllen, nämlech alle Mënschen déi gutt Nouvelle vun der Erléisung
ze verkënnechen. Leschten Enns ass et Jesus, deen an der Kierch um Wierk
ass. T'ass Christus, wéi et an engem Lidd heescht: "Du schreitest durch die
Zeit in deiner Kirche Pilgerkleid." Et ass Jesus Christus - gëschter, haut
an éiweg.



zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License