4.
Wéi soll esou eng Kierch ausgesi fir
där Aufgab gerecht ze ginn? - Esou
eng Kierch muss 1. en Uert sinn, an deem d'Geheimnis vu Gott wunne kann.
D'Kierch vun der Zukunft kann net déi sinn, wou si selwer an hir Strukturen
am Mëttelpunkt stinn. Aus där Asiicht eraus huet dat II. Vatikanescht
Konzil d'Kierch als Geheimnis bezeechent. An der Mëtt vun deem Geheimnis
ass Gott, deen d'Léift ass; Gott, deen sech a Jesus Christus op de Wee zu
de Mënsche gemeet huet, an dat virun 2000 Joer. Esou eng Kierch gëtt da vum
selwen 2. eng geschwësterlech Kierch. Oft gëtt dës Charakteristik als
éischt genannt. Mä dat ass net déi richteg Reiefolleg. Mer kënnen dës
Geschwësterlechkeet nëmmen aus der Léift vu Gott eraus richteg liewen. Et
geet ëm eng erléiste Geschwësterlechkeet. "Kuckt, wéi hunn déi dach een
den
anere gären", gouf vun den éischte Chrëschte gesot. Och dëst gouf vum
Konzil ënnerstrach, wann et vun der Kierch als communio schwätzt. Virbild
fir dës Communio, fir dëst Zesummen, ass den dräifaltege Gott. Esou kann
d'Kierch nëmmen eng lieweg Gemeinschaft sinn, wann se e Spigelbild vum
dräifaltege Gott ass.
Aus dësen zwou Charakteristike fir d'Kierch vun der Zukunft ergëtt sech eng
3. D'Kierch muss eng Kierch sinn, déi dingt. Wiem soll se dingen? De
Mënschen! Gottes- an Nächsteléift gehéieren enk zesummen, ewéi zwou Säite
vun enger Medaille. "Wer sich für Gott verschwendet, hat auch die Kraft
der
Hingabe für den Nächsten", huet kierzlech en däitsche Bëschof gesot.
Dofir
gëtt d'Kierch an d'Welt geschéckt, och nach haut. Ewéi an der
Vergaangenheet muss dat och nach haut hiert Markenzeeche sinn. Niewent der
Verkënnegung vum Wuert ass si dem Mënsch an Nout zu Hëllef komm. An hirer
Missioun huet si sech ëmmer fir de Kampf géint den Honger an
d'Ënnerdréckung vun de Mënschen agesat. Si huet d'Bildung vun de Mënsche
gefërdert, sech fir déi Krank a Behënnert agesat, an ëmmer fir d'Liewe vun
den ongebuerene Kanner. Den Asaz fir de Mënsch an Nout, sief et kierperlech
oder geeschteg Nout, muss e "must" fir d'Kierch bleiwen.
Als Virbild a Modell steet do der Kierch Maria virun Aen. Maria, déi éischt
Jüngerin vum Jesus, déi ëmmer bereet war, hir eege Pläng opzeginn, fir an
d'Pläng vum Jesus eranzegoen. An haut, an eisem Oktavevangelium, hu mer
gesinn, ewéi hien hir d'Kierch an der Persoun vum Johannes uvertraut. Si
soll och weiderhi bei Christus fir seng Kierch zu Lëtzebuerg antrieden, fir
datt si ëmmer méi zu enger Kierch vum geheimnisvolle Gott a fir d'Mënsche
gëtt.
|