D'Kierch,
Fënster vum dräifaltege Gott
1. Wa mer an d'Kathedral kommen, elo an der
Oktav, da fällt méi wéi jee
eisen éischte Bléck op d'Gnodebild vun eiser Patréinesch. De Votivaltor ass
jo esou konzipéiert, dass hien si gewëssermoossen an de Mëttelpunkt
stellt.
Mä en anere Bléckfank fanne mer vir, soubal mer erop an de Chouer kucken.
Do gesi mer an der mëttelster Fënster eng grouss Kräizegungszeen: Christus
als Erléiser a seng Mamm, als d'Verkierperung vun der Kierch, ënnert dem
Kräiz - t'ass d'Evangelium vun der Oktav, t'ass den zentrale Mystär vun
eisem Glaf! "Christus - gëschter, haut an an Éiwegkeet", deen äis als
gekräizegten an operstanenen Här bleiwend mat äis verbonnen ass, hien trëtt
äis an deër Fënster entgéint.
Mä kucke mer méi genee, da gesi mer, dass et net nëmme Christus um Kräiz
duerstellt, mä iwwert him och Gottvater, deen säi Jong hält an äis e
presentéiert; a mer gesinn den Hellege Geescht a Gestalt vun enger Dauf.
D'chrëschtlech Ikonographie nennt esou eng Duerstellung och nach e
Gnadenstuhl. Esou gëtt déi Fënster an der Mëtt vun der Kathedral zu enger
Fënster vun der hellegster Dräifaltegkeet. Et weist äis hin op d'Mëtt vum
chrëschtleche Glaf an op d'Wiese vun der Kierch, déi aus dem dräifaltege
Gott ervirgeet: als Läif vu Christus, als Vollek vu Gott an als Tempel vum
Hellege Geescht. Wéi Maria a mat Maria si mir enk verbonne mat deem dräimol
hellege Gott - an dat ëmsou méi an dësem Hellege Joer 2000, dat jo bewosst
de Mystär vun der Dräifaltegkeet an de Mëttelpunkt vun eisen Iwwerleeungen
a vun eiser Veréirung stellt.
|