Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Wéi Christus déngen - duerch Diakonie
    • 2
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

2. Diakonie ass net nëmmen en Aufgabeberäich ënnert villen anere vun der
Kierch, mä diakonesch ze sinn ass eng Wiesebestëmmung vun der Kierch; vun
do aus muss si hir Identitéit gewannen. Nëmmen als diakonesch Kierch ass si
d'Kierch vu Jesus Christus. All diakonescht Handelen an der Kierch ass
leschten Enns um Horizont vum Räich Gottes ze gesinn, dat wuel ugebrach
ass, awer nach seng vollend Gestalt net erreecht huet. Wann no der Ausso
vum Irenäus vu Lyon d'Éier vu Gott de Mënsch ass, da bilden Dingscht um
Mënsch a Veréierung vu Gott eng Eenheet. De Jean-Paul II huet a sengen zwou
éischten Enzykliken  "Redemptor Hominis"  an "Dives in misericordia"  an
engem markante Saz de Wee vun der Kierch opgezeechent. Mer kennen d'Ausso:
"De Mënsch ass de Wee vun der Kierch", an zwar de konkrete Mënsch a senger
jeweileger geschichtlecher Situatioun.
D'Kierch ass kee Selbstzweck, mä si ass do fir d'Mënschen. Si ass eng
geschéckte Kierch, net an e loftleere Raum, mä bei d'Mënschen. D'Mënsche
liewen nun eben an der Welt, déi engersäits faszinéierend, awer anerersäits
och geféierlech ass. Et ass net vun ongeféier, datt eng vun de grousse
Konzilskonstitutiounen sech mat dem Opdrag vun der Kierch an der Welt
beschäftegt. Et geet bei äis duerfir ëm d'Fro, wéi d'Kierch vu Lëtzebuerg
sech an der Zukunft eran an d'Freeden, d'Hoffnungen, d'Beonrouegungen an
d'Ängschte vun de Mënschen hei am Land, an doriwwer eraus, situéiert fir ze
hëllefen.



zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License