3.
Esou wäitgefächert d'Nout vun de
Mënschen ass, esou wäitgefächert muss
och d'Kierch an hirer Hëllefsbereetschaft goen. Et ass dat eng ganz
ambitiéis Perspektiv, mä et ass déi vum Evangelium - an deem weess d'Kierch
sech verflicht, nom Virbild vu Jesus Christus. Duerch hiren Dingscht um
Mënsch an der Nout bréngt si him Christus no, an deem Dingscht liicht him
dat mënschlecht, matfillend Gesiicht vu Gott op.
Säit dem Ufank vun der Kierch war d'Diakonie an hir präsent. Liese mer net
an der Apostelgeschicht, dass wéinst dem Dingscht un de Mënschen Diakonen
agesat goufen? Dëse Stand vu permanenten Diakonen ass um II. Vatikanesche
Konzil erëm an d'Liewe geruff ginn. Och an eiser Kierch si siwe stänneg
Diakone präsent.
Privathëllef ass wichteg, mä well d'Nout esou grouss ass, gëtt et och den
organiséierten Dingscht an der Kierch, d'Haaptexpressioun dovun ass
d'chrëschtlech Caritas. Am Laf vun der Kierch si fir den Dingscht un deenen
aarmen, alen a kranke Matmënschen eege Schwësterekongregatiounen entstan,
déi och an eisem Land mat beispilloser Generositéit an Disponibilitéit
gewierkt hunn an och nach weider wierken. De Merci vun der Kierch vu
Lëtzebuerg bréngen ech gäre virun d'Tréischterin am Leed.
Maria, déi sech "als Magd des Herrn" bezeechent huet, weist
modellhaft op,
aus watfirenger Haltung eraus den Dingscht geschéie soll. Spontan ass si
bei hir Kusin Elisabeth gaangen, déi an hirem héigen Alter e Kand erwaart
huet. Wéi diskret, awer efficace war hir Interventioun op der Hochzäit zu
Kana - duerch hir Opmierksamkeet ass d'Fest an der Freed weidergaangen. Nom
Virbild vu Maria an duerch hiert Antriede bei hirem Jong sollen och an
eiser Kierch ëmmer nei Mënschen a grousser Bereetschaft sech an den
Dingscht, gläich a watfirenger Form och ëmmer, vum Matmënsch stellen.
Duerch si a nëmmen duerch si bleift a gëtt d'Kierch vu Lëtzebuerg ëmmer méi
eng Kierch fir d'Mënschen.
|