Gleewen,
wéi geet dat?
1.
D'Haaptuleies, ëm dat et bei eiser
Diözesanversammlung goung, kann een
esou zesummefaassen: "Wéi solle mer de Glaf, an domat Christus un déi
kommend Generatioune weiderschenken? Wéi seng Präsenz an dat nächst
Jorhonnert a Jordausend erandroen? Wéi Zeechnes ofleeën, fir datt eis
Matmënschen am Evangelium eng valabel Liewenspist fannen?"
Bis viru Joerzingten konnt de Chrëscht säi Glaf an enger Welt liewen, wou
d'grouss Majoritéit nach iwwerzeegt war, dass et e Gott gëtt. Haut awer
soll de Chrëscht säi Glaf an enger Welt liewen an en u kommend Generatioune
weiderginn, wou d'Existenz vu Gott am traditionelle Sënn a Fro gestallt
gëtt. Et ass ewéi wann een zu engem Konsens komm wäer, fir d'Gottesfro aus
der Öffentlechkeet auszegrenzen.
Mer spiren ëmmer méi, datt mer mat Weidersoe vun iwwerliwwerte Wourechten
net méi ukommen. Déi treffen de Mënsch einfach net méi, an duefir fillt
heen sech och net méi betraff. Et kënnt haut ëmmer méi drop un, datt mer,
wéi den Titel vun engem Buch et zum Ausdrock bréngt, "nicht
Nachlassverwalter, sondern Wegbereiter" sinn.
|