Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Mgr Fernand Franck Jesus Christus... IntraText CT - Text |
|
|
2.
Wien ass verantwortlech fir
d'Weidergi vum Glawen? Et ass dat déi éischt Missioun vun der Kierch als sollech, mä d'Kierch wierkt eran an d'Welt duerch déi, déi zu hir gehéieren, déi mer jo oft als déi "Gleeweg" bezeechnen. De Glawe kann een nëmmen duerch e Liewen aus dem Glawe weiderginn, well et stëmmt schon, a vläicht haut nach méi ewéi viru 25 Joer, wat de Paul VI. a sengem deemolegen apostolesche Schreiwen "Evangelii nuntiandi" behaapt huet: "De Mënsch vun haut lauschtert léiwer op Zeien ewéi op Geléierter, wann en awer op Geléierter lauschtert, dann ebe well se Zeie sinn." De Bëschof von Aachen, dee virun e puer Joer gestuerwen ass (+1994), huet säi leschten Hierdebréif, deen no sengem Dout virgelies gouf, mat folgender Geschicht aus dem Liewen ugefaangen. Heen huet eng befrënnt Famill besicht, an do erzielt e Papp him, datt virun e puer Deeg hiert klengt Meedchen heemkoum an e mat der Fuerderung iwwerfall hätt: "Erziel mer vun dengem Gott!" De Bëschof fiert da virun a schreift, ob et der haut wuel nach vill gëtt, déi déi Fro stellen, an ob et der wuel vill gëtt, déi dorop eng Äntwert kéinte ginn. Et ginn der sécher méi ewéi ee mengt, déi déi Fro stelle géifen - wann se engem géife begéinen, vun deem si eng Äntwert erwaarde géifen. Wéi géife mir reagéieren, wann een äis déi Fro géif stellen? Kéinte mer eng Äntwert drop ginn, déi wierklech eng zefridde stellend Äntwert wäer? Bei där Äntwert geet et net drëm, fir iwwer Gott ze schwätzen, mä vu Gott, un dee mer gleewen an zou deem mer eng gleeweg Beziehung hunn. Et geet ëm d'Fro: Glawen, wéi geet dat? Déi Fro stellt een net un de Glawen, mä un deen, dee gleeft. Deen dee gleeft, muss sech bewosst sinn, dass säi Glaf net am éischte Schrëtt louch, den heen op Gott zougemeet huet, mä am éischte Schrëtt, dee Gott op heen zougemeet huet. Glawen ass Geschenk, an de Mënsch kann nëmme soen, ewéi de Péitrus gesot huet: "Här, ech gleewen, hëllef mengem Onglawen." |
Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License |