Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Gleewen, wéi geet dat?
    • 3
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

3. Wéi kënne mer de Glaf un déi folgend Generatioune weiderginn ? Et ass
nëmme méiglech wa mer, ech géif soen, eng Erzielgemeinschaft ginn, d.h.
weidererzielen, wat de Glaf an äis bewierkstellegt huet. Et geet do ëm
d'Fro: Schwätze mer esou vu Gott, datt mer dobäi vun äis perséinlech
schwätzen? A schwätze mer esou vun äis perséinlech, datt mer dobäi vu Gott
schwätzen?
Erziel mer vu Gott! Dat wëllt net soen, datt mer äis viru seriöse
Problemer, déi d'Mënschen uginn, déi si beweegen, mat fromme Spréch
erauszéie kënnten. Mä et geet dorëm, dass mer aus dem Wuert vu Gott eist
Liewe gestalten, datt säi Wuert Maassstäb fir eist Liewen an Handele setzt,
an datt mer doeriwwer matenee schwätzen. Vu Gott erzielen heescht, datt mer
äis vun der Botschaft vun der Bibel ergräife loossen. Et heescht, datt
d'Geschicht vum barmhäerzege Papp a vum verluerene Jong zu  eiser Geschicht
gëtt.



zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License