Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Gleewen, wéi geet dat?
    • 4
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

4. Kucke mer an d'Geschicht vun der Kierch eran, da gesi mer, wéi ëmmer
dann nei Opbréch geschéien, wann de Kär vum Evangelium durchschléit eran an
d'Liewe vun de Mënschen a vun der Gemeinschaft. Dann trëtt déi chrëschtlech
Botschaft an een neit Liicht a si weist op, wéi Glaf méiglech ass. Et geet
dobäi net ëm Theorie, mä ëm geliefte Glawen.
Dëse geliefte Glawen ass ausschlaggebend. Mä dëse geliefte Glawen ass och e
reflektéierte Glaf, e Glaf iwwer deen ee fäeg ass, Rechenschaft ofzeginn.
Esou si beim hl. Augustinus z.B. Bekéierung an Theologie net vuneneen ze
trennen. Gebiet a Reflexioun mussen zesummegoen. Mat anere Wieder, et muss
een sech am Glawenswësse weiderbilden, an dat e Liewe laang. Dëst
Weiderbilde muss zur Verdéiwung vum eegene Glawe féieren an zu enger déiwer
Freed un dem Glawe féieren.
Am Weidergi vum Glawe musse mer äis u Virbilder inspiréieren. An d'Virbild
par excellence ass do Maria. Am Glawen huet si an der Kraaft vum Hl.
Geescht de Son Gottes emfaangen, am Glawen huet si Jesus Christus begleet
bis ënnert d'Kräiz. Am Glawen ass si do net ir un him ginn. Esou kann si an
enger Präfatioun besonge ginn: "Verherrlicht durch ihren Sohn, leuchtet sie
den Gläubigen voran, als Hort des Glaubens und als Zeichen der Hoffnung."




zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License