Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Jesus Christus, präsent duerch d'Sakramenter, besonnesch d'Eucharistie
    • 1
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

Jesus Christus, präsent duerch d'Sakramenter, besonnesch d'Eucharistie
1. Wierder si wichteg am Liewe vum Mënsch. Duerch si kënne mer äis deem
anere matdeelen an duerch si deelt den aneren sech äis mat. Mënschen, déi
net matenee schwätzen, trieden och net a Beziehung zoueneen, si liewen
niefteneen. Mä am mënschleche Liewe gi Wierder net duer. D'Wierder mussen
oft mat Zeechen ënnerstrach ginn. Zeechen déi ausdrécken, datt een et gutt
mat engem Mënsch mengt, si bal ëmmer einfach Zeechen. Et gëtt een sech
d'Hand, et lächelt een sech zou, et mécht een sech géigensäiteg e Geschenk
zum Beispill.
Esou ähnlech handelt och Gott äis géintiwwer. Heen ass mat äis Mënschen a
Kontakt getrueden duerch säi Wuert. A sengem Wuert deelt en sech äis mat.
An dat Wuert ass, wéi et am Johannesevangelium heescht, Fleesch ginn. An
dëst Fleeschgi vum Wuert Gottes a sengem Jong Jesus Christus feiere mer
besonnesch an dësem Jubeljoer. Well säit 2000 Joer ass Gott a Jesus
Christus beréierbar ginn, an him beréiert Gott de Mënsch. A wéi mer et aus
der Bibel wëssen, huet de Jesus, doduerch datt en d'Mënsche beréiert huet,
geheelt.
Dës Beréierung vun de Mënschen duerch Jesus Christus huet net mat dem
irdesche Liewe vu Jesus Christus opgehéiert. Dës Beréierung geet weider an
der Kierch, an där Jesus Christus säin Zelt an eiser Mëtt opgeschloen huet.
Well Jesus Christus ass deeselwechten, gëschter, haut an ëmmer.




zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License