Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Mgr Fernand Franck Jesus Christus... IntraText CT - Text |
|
|
2.
Jesus Christus ass d'Mëtt vun der
Kierch an hee beréiert äis ganz perséinlech, an dat a konkreten Zeechen, déi mer Sakramenter nennen. Dat eigentlecht Sakrament ass Christus selwer, well duerch säi Leiden, säin Dout a säin Operstoen huet en äis erléist. Esou fléissen d'Sakramenter wéi Erléisungsstréim eraus aus sengem duerchbuerten Häerz, fir datt mer duerch si Zougang zum Liewe mat dem operstanenen Här kréien; esou gëtt dat Liewen eng ëmmer méi räich Wierklechkeet an äis. Dës Erléisung gëtt äis vermëttelt duerch d'Kierch, an där sech am Laf vun der Geschicht siwen Erléisungsstréim gebilt hunn, an déi nenne mer déi siwe Sakramenter. Dës Sakramenter sinn net willkürlech Erfindunge vun der Kierch, mä si si fundamental am Wierke vum Jesus ugesiddelt. A sengem Kräiz geet d'Heel vun de Mënschen un, aus sengem Dout entsteet Liewen, a sengem Affer ass all Gnod enthalen, déi äis an dem siwefache Sakramentestroum geschenkt gëtt. Well dëse Stroum aus dem Kräiz ervirgeet, fléisst en op äis zou un éischter Stell duerch d'Gediechtnesfeier vum Dout an Operstoe vu Jesus Christus, der Massfeier. An der Massfeier gëtt den Dout an d'Operstoe vu Jesus Christus, an der Kraaft vum Hellege Geescht, an eis Zäit an an d'Welt era géigenwäerteg gesat, a vun hir aus fléisst äis d'Erbaarme vu Gott zou. An der Eucharistiefeier realiséiert sech d'Kierch, wéi soss néirens, an dofir seet dat lescht Konzil, dass d'Eucharistie den absoluten Héiepunkt ass, datt vun hir alles, wat gutt a schéin ass, ausgeet an a si alles zeréckfléisst. Wéinst dëser erausragender Plaz vun der Mass am Erléisungsgeschéie ginn och villfach d'Sakramenter am Kader vun der Mass gefeiert. Esou ass de Spendungsuert vun der Priisterwei d'Eucharistiefeier, normalerweis spenden sech an hir d'Koppelen d'Sakrament vum Mariage; esou hu mer och hei an der Kathedral am Laf vun enger Mass de leschte Samschdeg d'Krankesakrament gespent, op Plaze gëtt sonndes an der Haaptmass d'Daf gespend. |
Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License |