Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Jesus Christus, präsent duerch d'Sakramenter, besonnesch d'Eucharistie
    • 3
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

3. D'Eucharistiefeier ass liewenswichteg fir d'Kierch, se ass
liewenswichteg fir déi, déi d'Kierch ausmaachen, also fir äis. Bedenke mer
eent: D'Mass dréckt all Kéier aus, dass Christus säi Liewen higinn huet -
da muss se äis dach méi ewéi eng hallef Stonn an der Woch wäert sinn.
D'Mass sëtzt äis a Verbindung mat dem Wuert vum Herrgott. Et geet net duer,
op dëst Wuert méi oder wéineger opmierksam ze lauschteren. Nëmme wa mer
dëst Wuert an eist Häerz ophuelen, kann et eppes an äis bewierken, kann et
äis evangeliséieren. Mer trieden an der Massfeier a Kommunioun mat
Christus, hee schenkt sech äis a sengem eucharistesche Läif ënnert der
Gestalt vum Brout, fir dann an äis ze liewen an duerch äis an d'Welt eran
ze trieden an an d'Welt eran ze wierken. Wéi gedankelos geschitt oft
d'Kommunizéieren. Ier mer zur helleger Kommioun hintrieden, misste mer
d'Pauluswuert behäerzegen: "Jiddferee soll sech selwer préifen, an dann
eréischt soll e vum Brout iessen an aus dem Kelch drénken." Mer sinn do
alleguerten gefuerdert, an dat ass den eenzege Wee, fir aus der
Banaliséierung vum Kommunizéieren erauszekommen, an déi mer erageschliddert
sinn.



zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License