Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Jesus Christus, präsent duerch d'Sakramenter, besonnesch d'Eucharistie
    • 4
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

4. Wann d'Kommioun Verbindung mat Christus ass, dann ass se och
onweigerlech Kommioun mat de Matmënschen, un éischter Stell mat deenen, wou
mer d'Mass feieren. Nëmmen da geschitt dat, wofir Jesus Christus virum
Asetze vun der Eucharistie gebiet huet, nämlech Eenheet. An nëmmen duerch
d'Eenheet vun de Gleewege kënnt d'Welt zum Glawen.
All Massfeier hëllt äis nei an d'Flicht. Froe mer bei dësem wichtege Punkt
an eiser Oktavdémarche d'Hëllef vu Maria.  Si ass sécher déi, déi am
déifsten de Wäert vun der Eucharistie verstanen huet, déi sech am
radikalsten higinn huet, déi sech bei der éischter Mass mat immoléiert
huet, ënnert dem Kräiz op Golgotha.
Am Agang vun der Lallenger Mariekierch steet eng Statu vum hellege Jousef,
dee mat dem Fanger an d'Kierch eraweist. Um Sockel vun der Statu steet
geschriwwen: "Ad Redemptorem via tuta Mater  - de sécherste Wee zum
Erléiser ass d'Mamm".




zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License