Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Mgr Fernand Franck Jesus Christus... IntraText CT - Text |
|
|
1. De Poopst Johannes XXIII., deen den 3. September vun dësem Joer séileg gesprach gëtt, huet en Ausdrock geprägt, deen zu enger Art Schlagwuert ginn ass: "Mer mussen d'Zeeche vun der Zäit erkennen." D'Zeeche vun der Zäit erkennen, heescht an der haiteger Zäit, an der Kierch vun haut, déi Zeechen erkennen, déi op den Hellege Geescht zeréckginn, an esou zu Hoffnung berechtegen. Ee spriechend Zeechen, dat zu Hoffnung berechtegt, sinn déi nei kierchlech Bewegungen, déi an de leschte Joerzingten an der Kierch entstane sinn. Nom II. Vatikanesche Konzil, dat gréisst kierchlech Ereegnes vum leschte Joerhonnert, dat d'Kierch fir dat neit Joerdausend virbereede sollt, ass d'Kierch schon uerdentlech duerchgerëselt ginn, och bei äis. Déi erwaarte Friichte sinn zum gréissten Deel ausbliwwen. Bei ville Mënschen huet dat Enttäuschung a Resignatioun ervirgeruff, vill hunn der Kierch de Réck gedréint a sichen hiert Heel anerwäerts. Mer däerfen äis deem net verschléissen, mä veronsécheren dierf et äis net. Et ass dat e Phenomeen, dat sech no all Konzil ereegent huet. De Kardinol Ratzinger huet kierzlech d'Auswierkunge vum Konzil op den Organismus vun der Kierch verglach mat de Folgen, déi eng schwéier Operatioun op de mënschleche Kierper huet. E chirurgeschen Agrëff erweist sech muenchmol als noutwendeg, mä e sëtzt den Organismus zäitweileg a Schwieregkeeten a rifft Komplikatiounen ervir, ier seng positiv Säiten zum Droe kommen. |
Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License |