Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Nei kierchlech Bewegungen,
    • 2
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

2. Mer däerfen ni vergiessen, datt Jesus Christus deeselwechte gëschter,
haut an éiweg, mat senger Kierch ass an an der Mëtt vun hier duerch den
Hellege Geescht wierkt. Dëse Geescht wierkt wéi zu allen Zäiten och an
eiser Zäit duerch Charismen, déi e schenkt. E Charisma ass ewéi eng
Fënster, déi opgeet an eng evangelesch Wourecht opliichte léisst, déi
virdru wuel do war, awer  ni esou erkannt gouf.
Eenzel Persounen huet Gott a senger Kierch mat engem speziellen an eemolege
Charisma beschenkt. An der Kraaft vum Hellege Geescht hunn déi Persounen de
Charisma ewéi eng eidel Vas opgeholl an en un aner Persoune weiderginn,
oder villméi Gott huet en duerch si un anerer weiderginn. Esou sinn
d'Bewegungen entstanen an hunn sech entwéckelt, déi eng méi zahlreich, déi
aner wéineger zahlreich, mä alleguerten erfëllt vum Liewe vu Gott. Si
alleguerte sinn agebett an e Plang vu Léift, dee Gott fir d'Kierch an domat
fir d'Welt vun haut huet.



zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License