Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Mgr Fernand Franck Jesus Christus... IntraText CT - Text |
|
|
2.
An och haut seet heen: "Wie du
mich in die Welt gesandt hast, so habe auch ich sie in die Welt gesandt" an "Geht zu allen Völkern, und macht alle Menschen zu meinen Jüngern." Mär sinn eng geschéckte Kierch, eran an d'Welt. Dëst Geschécktsinn ass den Opdrag vun der Kierch, deen e Missiounsopdrag ass. Elo ass et awer esou, dass dësen Opdrag net een niewent aneren ass, mä et ass den Opdrag schlechthin vun der Kierch. D'Kierch huet net nëmmen eng Missioun, mä si ass Missioun. Am Missiounsdekret vum II. Vatikanesche Konzil heescht et: "Die pilgernde Kirche ist ihrem Wesen nach ,missionarisch' (d.h. als Gesandte unterwegs), da sie selbst ihren Ursprung aus der Sendung des Sohnes und der Sendung des Heiligen Geistes herleitet gemäß dem Plan Gottes des Vaters." Missioun gehéiert zum Wiese vun der Kierch. D'Kierch muss sech dem Opdrag stellen aus Trei a Gehorsam Christus vis-à-vis, deen e kloer an däitlech ausgesprach huet. Um Konzil huet d'Kierch jo eng grouss an éierlech Iwwerleeung iwwer sech selwer ugestallt an dobäi festgehalen: "Zum neuen Gottesvolk werden alle Menschen gerufen. Darum muß dieses Volk eines und ein einziges bleiben und sich über die ganze Welt ausbreiten. So soll sich das Ziel des Willens Gottes erfüllen." |
Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License |