Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Mgr Fernand Franck Jesus Christus... IntraText CT - Text |
|
|
3.
Aus der Missioun vu Jesus Christus
ass d'Kierch ervirgaangen, déi elo hirersäits Missioun ass. Ass si dat net, dann erfëllt se hiren Opdrag net esou, wéi Christus en an si erageluecht huet. D'Kierch steet net um "Ursprung" vun der Missioun, d'Missioun ass net hir Erfindung, mä um Ursprung vun der Kierch steet d'Missioun, där si einfach verflicht ass. Bis zum Konzil ass d'Zil vun der Missiounstätegkeet vun der Kierch als "Grënnung an Aplanzung" vun neien Kierchen duergestalt ginn. Un deem Zil ass awer eng Korrektur virgeholl ginn. D'Zil ass net méi nëmmen d'Grëndung vu Lokalkierchen an Afrika an Asien z.B.; dëst ass gréisstendeels erreecht. Mä dës jonk Kierche sinn hirersäits e Mëttel, fir de Sendungsopdrag vu Christus weiderzeféieren, si sinn an hire Länner a Kulturen dem Missiounsopdrag verflicht. Fréier war de Missiounsopdrag méi um Rand vun der Kierch ugesiddelt, haut awer ass en an der Mëtt vun der Kierch verankert. Déi Mëtt ass Jesus Christus, an d'Kierch ass d'Instrument a sengem Dingscht. D'Missioun ass keng Privatentreprise vu Leit oder vu Gruppen oder Missiounsuerden, si ass de Liewensvollzug vun der Kierch als ganzer. |
Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License |