Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • D'Kierch vu Christus,
    • 4
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

4. Doeraus erginn sech wichteg Konsequenze fir d'Kierch, also och fir
d'Kierch déi zu Lëtzebuerg ass.
Haut ass de Missiounserfolleg méi kleng. De Virsprong vun der
netchrëschtlecher Mënschheet gëtt méi grouss. D'Entwécklung vun der
Verkéierstechnik, de Massen- a Kommunikatiounsmëttele gëtt méi grouss, mer
gebrauchen Thermen ewéi Globaliséierung a Mondialiséierung. Esou gëtt an
dëser neier Situatioun d'Kierch net nëmme beurtelt nom Verhale vun
Eenzelnen, mä nom Verhale vun der ganzer Kierch. D'Kierch als Ganzt ass,
ewéi d'Konzil gesot huet, "Sakrament vum Heel" , an als dat muss si ënnert
alle Völker sichtbar ginn an doduerch missionaresch wierken. Wat heescht
dann elo eigentlech Weltmissioun? Et bedeit, dass déi eenzel Lokalkierchen
a "communio" liewen an enger Welt, déi ëmmer méi kleng gëtt. Weltmission
heescht haut "d'ganz Kierch bréngt d'Evangelium der ganzer Welt". Dës
Visioun  vu Kierch muss d'Visioun vun der Kierch zu Lëtzebuerg sinn, well
soss erfëllt si hiren Opdrag net, och wann se nach esou villes ënnerhëlt.



zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License