Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Mgr Fernand Franck Jesus Christus... IntraText CT - Text |
|
|
2.
Wat seet de Jesus äis an där Stonn?
Mer hu seng Wieder elo grad am Evangelium héieren. A si gëllen äis. Et ass nämlech esou: Wann d'Wuert aus der Bibel äis verkënnegt gëtt, ass dat wuel e Wuert, wat an enger wäiter Vergaangenheet niddergeschriwwe gouf - awer de Moment, wou mer et héieren, ass et fir äis gesot, erageschwat an déi Liewenssituatioun, an där mer dra sinn. An esou seet de Jesus äis an dësem Moment, wat en dem Johannes, an deem mer ënnert dem Kräiz representéiert sinn, gesot huet: "Hei ass deng Mamm" , nodeems heen awer virdrun zu Maria, senger Mamm, gesot huet: "Hei ass däi Jong". Wéi kéint Maria, an hirer Mammeléift, grad an deem Moment hirem Jong eppes ofschloen? Mä mer wëssen awer och, dass dës Stonn vun der Kräizegung a vu Maria hirem Stoen ënnert dem Kräiz net d'Endstatioun am Liewe vum Jesus an am Liewen vu Maria sinn. Duerno kënnt d'Operstehung, duerno kënnt och d'Verherrlechung fir Maria. Aus der Mater dolorosa, der Schmäerzensmamm, gëtt d'Himmelskinnigin. Sécher ass fir iech - an am Liewe vun all Mënsch ass et esou -, datt mer äis méi op der Säit vun der Schmäerzensmamm ewéi vun der Himmelskinnigin spiren. Mä grad a schwéiere Momenter solle mer wëssen, dass mer leschtlech dach schon op der anerer Säit vun der Säitewonn vum Jesus sinn; well, wéi et an der Antiphon heescht: "Wahrlich, unsere Krankheit hat er getragen, unsere Schmerzen auf sich genommen." Duerch säin Dout huet en alles mat eran a seng Operstehung gezunn. A grad am Bléck op Maria kënne mer dës Gewëssheet liewen, kann dës Gewëssheet äis Trouscht ginn. Sécher mécht se är Schmierzen net méi liicht, mä si wërft e Liicht op se. An am Liicht léisst et sech scho besser liewen ewéi am Däischteren. Kuckt op Maria ënnert dem Kräiz, kuckt op Maria, déi hiren doudege Jong op hiren Äerm dréit. Als Schmäerzensmamm hält si iech en entgéint. Dëst Bild vu Maria seet äis, seet besonnesch iech, léif eeler a krank Leit, datt Maria weess, wat et heescht leiden ze mussen. Si gëtt awer de Bléck fräi op d'Liicht, hannert dem däischteren Tunnel, si weist hin op d'Operstehung. Si gëtt äis ze verstoen an trëtt bei hirem Jong dofir fir äis an, dass d'Leed net déi lescht Äntwert ass, mä dass et doeriwwer eraus eng Hoffnung gëtt. Maria d'Tréischterin am Leed schenkt äis den Trouscht vun hirem gekräizegten an operstanenen Jong. Maria léisst äis net eleng, a kenger Nout, wa mär äis hir uvertrauen. Mer si gudd beroden, dat ze maachen, wat de Johannes gemeet huet: "Und von jener Stunde an nahm sie der Jünger zu sich." |
Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License |