Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Christus dréit mat äis eis Krankheeten
    • 3
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

3. Ass Maria mat äis, da fanne mer ëmmer erëm neie Courage fir net nëmmen
eist Kräiz op äis ze huelen, mä fir Jo zu dësem Kräiz ze soen, fir zu dësem
Kräiz ze stoen. Da sti mer mat Maria ënnert dem Kräiz, hale mat hir drënner
aus a kréien d'Kraaft duerzehalen. Maria reecht äis Schmäerzen un hire Jong
weider zu eisem eegenen Heel an zum Wuel vun de Mënschen. Schenkt Maria
äert Kräiz, gläich a watfirenger Form et sech presentéiert, schenkt hir et
fir d'Kierch, déi zu Lëtzebuerg ass, an déi bluttnoutwendeg Beruffer zum
Priistertum brauch. Dës Suerg vertrauen ech iech un. Affert äert Kräiz
dofir op, villäicht op engem bestëmmten Dag an der Woch - z.B. um
Donneschedg, well gerad um Donneschdeg de Jesus d'Sakrament vun der
Eucharistie a vum Priistertum agesat huet.
Eist Kräiz zesummegeluecht mat deem vu Maria, am Glaf, datt de Jesus et op
sech geholl huet - "Wahrlich, unsere Krankheit hat er getragen, unsere
Schmerzen auf sich genommen." - bréngt d'Räich vum Herrgott an dëser Welt e
Stéck no vir, duerch iech. Ass dat net eng schéi Missioun grad an dësem
Jubeläumsjoer?




zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License