Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Mat Maria an dat neit Joerdausend
    • 3
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

3. Jo, léif Matchrëschten, mat Maria hu mer äis op en neits op de Wee
gemat, an dësem Joer, wou mer äis Diözesanversammlung beschléissen. Loosse
mer ëm d'Gnod bieden, datt den Hellege Geescht äis verstoe léiert, wat mir
un der Schwell vum drëtte Joerdausend maache sollen, fir datt
d'Lëtzebuerger Kierch hirem Opdrag trei bleift, no banne wéi no baussen. Si
huet jo en zweegefächerten Opdrag: ee fir d'Neievangeliséierung an der
Heemecht, ma gläichzäiteg ass si co-responsabel fir d'Weltmissioun, well
och si kann sech dem universale Missiounsuerder vu Christus net entzéien.
Loosse mer couragéiert un der Sendung vun der Kierch deelhuelen, äis vun
hir a Flicht huele loossen, an dat bewosst a verantwortlech.
Dës Uleies, an all aneres wat äis um Häerz läit, leeë mer elo an hir gutt
Hänn, wa mer si op en neits als Patréinesch vu Stad a Land un der Schwell
vum neie Jordausend erwielen an äis, eist Land an eis Geschécker hirem
Schutz uvertrauen.




zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License