Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • D'Kierch, Fënster vum dräifaltege Gott
    • 2
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

2. Bleiwe mer nach en Ablack bei där Fënster. Si kritt, esou wéi all
Fënsteren heibannen, hiert Liicht vu baussen, vun der Sonn, an eréischt
doduerch ka si an hire Faarwe fonkelen an dat sinn, wouzou si do ass. Wann
et däischter ass, da gesäit een näischt vun hirem Glanz, dann ass och si
däischter. Ass dat net och e Bild fir d'Kierch? D'Konzilskonstitutioun
«Lumen gentium» seet, dass d'Liicht vun der Welt Christus ass. D'Konzil
behaapt net, d'Liicht vun der Welt wär d'Kierch. D'Kierch muss sech
allerdings, an dat ënnert dem Wierke vum Hellege Geescht, drëm beméien,
transparent op Christus hin ze ginn a säi Liicht, dat se vun him kritt,
weiderzeginn. Mir sinn als Kierch wéi d'Fënster, déi nëmmen da liicht an
hirer Bestëmmung gerecht gëtt, wann se vun der Sonn hir Liicht kritt - an
d'Sonn fir äis ass Christus!
Mer kucken op d'Joer 2000, dat grousst Jubiläum vun der Gebuert vu
Christus, an awer och doriwwer eraus, als Kierch vu Jesus Christus hei zu
Lëtzebuerg. A mer froen äis: Kierch wou stees de, Kierch wouhi gees de? Vun
1996 un hu mer an eise Paren, Gemeinschaften a chrëschtleche Veräiner oder
Vereenegongen, zu lescht an der Diözesanversammlung, iwwer dës Froen
nogeduecht. D'Thema war an ass: "Kierch 2005. Ennerwee mat Jesus Christus -
mateneen - fir d'Mënschen". Mer wäerten an dëser Oktav méi wéi eemol drop
zréckkommen.



zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License