Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Mgr Fernand Franck Jesus Christus... IntraText CT - Text |
|
|
3.
Mer haten an deene vergaangene Joren
de Mutt - an ech hoffen, dass mer en och fir déi kommend Zäit behalen - äis der Erausfuerderung ze stellen, déi de Jesuit Alfred Delp, deen den 2. Februar 1945 higeriicht gouf, 1941 esou formuléiert huet: "Kirche wird immer sein. Aber wird Kirche immer bei uns sein? Wenn wir fragen: Lebt oder stirbt die Kirche?, dann meint das unsere Kirchenstunde. Da helfen uns keine Erwägungen. Da hilft uns die ehrliche Bestandaufnahme dessen, was ist, und der innere Versuch damit fertig zu werden." Mär liewen elo an eiser Kierchestonn, äis steet d'Gnod vun dëser Stonn zur Verfügung. Dës gleeweg Gewëssheet gëtt äis Kraaft, Mutt an Zouversicht. Mer däerfe virun allem net enger Versuchung verfalen, där mer allze liicht erleie kéinten, nämlech an der Kierch esou wéi se real existéiert, esou wéi mer se erliewen, nëmmen dat Mënschlecht, dat Allzemënschlecht ze gesinn; eise Bléck kënnt dobäi esou gedréiwt ginn, datt mer dat eigentlecht Geheimnis vun der Kierch, nämlech hir gëttlech Dimensioun, net méi wouer gingen huelen. Mer mussen äis verwieren, an der Kierch nëmmen eng soziologesch Realitéit ze gesinn. Ëmmer an ëmmer erëm musse mer äis widerhuelen: D'Kierch huet mat Christus ze dinn, an an der Kierch huet prioritär Christus eppes mat hir vir. Net vun ongeféier war jo och d'Thema vun der vergaangener Bëschofssynod fir Europa «Jesus Christus, den a senger Kierch lieft, Quell vun Hoffnung fir Europa». Schon déi ausserordentlech Synod vun 1985 - wou et ëm d'Verifica iwwert d'Ëmsetzung vun de Konzilsbeschlëss 20 Joer nom Konzil gaangen ass - huet folgend Warnung ausgesprach: "Wir können die falsche, einseitig nur hierarchische Sicht der Kirche nicht durch eine neue, ebenfalls einseitige soziologische Konzeption ersetzen. Jesus Christus ist immer bei seiner Kirche und lebt als Auferstandener in ihr." Den Operstanene lieft an der Kierch, an duefir si mer "ënnerwee mat Jesus Christus - mateneen - fir d'Mënschen". |
Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License |