Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Eng Kierch am Déngscht vun de Mënschen
    • 1
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

Eng Kierch am Déngscht vun de Mënschen
1. Wéi mer den 10. November 1996 um Graf vum hellege Willibrord an eis
Pastoralinitiativ "Kierch 2005" agetruede sinn, do sot ech a menger
Usprooch, datt d'Haaptfro, ëm déi sech dat Ganzt géif dréinen, grad ewéi um
II. Vatikanesche Konzil déi hei wär: " Wéi solle mer de Glaf, an domat
Christus, un déi kommend Generatioune weiderschenken? Wéi seng Präsenz an
dat nächst Jorhonnert a Jordausend erandroen? Wéi Zeechnes ofleeën, fir
datt eis Matmënschen am Evangelium eng valabel Liewespist fannen?"  Mer
wollte keng kierchlech Nabelschau bedreiwen, et gung drëm, fir mat engem
neien Elan an enger neier Hoffnung d'Wierk vun der Evangeliséierung
weiderzeféieren, wat jo den eigentlechen Opdrag vun der Kierch ass.
Eis Initiativ stung ënnert dem Leitwort: "Kierch 2005. Ënnerwee: mat Jesus
Christus - matenaner - fir d'Mënschen". Well ëm d'Mënsche geet et, ëm de
konkrete Mënsch, deen de Poopst a senger éischter Enzyklika "Redemptor
Hominis" als den eigentleche Wee vun der Kierch bezeechent huet. Esou hu
mer versicht, Kontakt mat de Mënschen opzehuelen, op si ze lauschteren, wat
si vun der Kierch erwaarde géifen, wéi esou eng Kierch am neie Joerdausend
ausgesi soll, fir hinne Liewenshëllef ze vermëttelen.




zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License