Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Eng Kierch am Déngscht vun de Mënschen
    • 2
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

2. Et goung dobäi ëm en echten Dialog, ëm en Dialog fir Lëtzebuerg. Duefir
hu mer eng grouss Ëmfro gemaach, fir d'Erwaardungen an och d'Kritiken un
d'Kierch vun deene Mënschen ze erfueren, déi d'Kierch hei zu Lëtzebuerg
sinn, Lëtzebuerger an Netlëtzebuerger. Vun deenen Äntwerten hu mer äis
interpelléiere gelooss an äis hinnen an eiser Diözesanversammlung gestallt,
déi de leschte 6. Mee hir lescht Aarbechtssëtzung hat. Sechs grouss
Themekreeser hunn sech erausgeschielt, déi a sechs Aarbechtsgruppe beliicht
goufen. An den nächsten Deeg wäert ech op si zréckkommen.
Mä an deenen Äntwerten huet sech och erausgeschielt, watfir
Grondcharakteristiken d'Kierch erfëlle misst, fir hiren Opdrag glafwürdeg
ze verkënnegen. Wéi muss eng Kierch ausgesinn, fir d'Mënschen op hirem
Pilgerwee am neie Joerdausend, an dat mer jo an der Zwëschenzäit agetruede
sinn, ze begleeden? Wat sinn d'Ressource vun der Kierch, déi déi
festgestalten Deficiter bäiwäitem iwwerragen?



zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License