Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Eng Kierch am Déngscht vun de Mënschen
    • 3
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

3. Wat sinn also d'Elementer, déi sech an enger Kierch, déi fir d'Mënschen
do wëll sinn, fanne mussen? Un éischter Stell muss et  "eng Kierch sinn,
déi lauschtert an déi biet". Eng Kierch, déi lauschtert a biet, entdeckt
onweigerlech, datt se eng geschéckte Kierch ass, dass si eng Sendung huet
eran an d'Welt. Esou eng Kierch kreest net ëm sech selwer, mä si gëtt - an
dat ass dat 2. Element - eng "offen a mënschefrëndlech Kierch". Eng Kierch,
där keng Fro, keng Suerg, keng Nout friem däerf sinn. Ouni Complexe
d'infériorité stellt si sech eiser Zäit mat hire Liicht- a Schiedsäiten.
Esou eng Kierch geet op d'Mënschen zou, hëllt se eescht a stellt sech an
hiren Déngscht mat der gudder Nouvelle, mat dem Evangelium.
Doraus muss dann en 3. Element verwierklecht ginn, nämlech "eng
dialogesch, gemeinschaftlech a schwësterlech Kierch". D'Kierch weess sech
hirem gëttlechen Opdrag verflicht, weess dass Gott op kromme Linie riicht
schreiwe kann, an datt an der Kierch alleguerte Schwësteren a Bridder,
Kanner vum selwechte Papp sinn, déi eng wierklech Gemeinschaft bilden. Esou
eng Kierch ass dann - an dat ass dat 4. Element - "eng missionaresch
Kierch". Eng Kierch eran an d'Welt, jo an déi verschidde Welten, déi vun
der Familljen, vun der Politik, der Wirtschaft, dem soziale Beräich, der
Fräizäit, hin zu deenen Marginaliséierten, zu deenen, déi friem an ouni
Heemecht sinn. Fir dat ze verwierklechen, muss e 5. Element virfonnt ginn,
dat vun "enger Kierch, déi einfach ass an dingt".



zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License