Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Mgr Fernand Franck Jesus Christus... IntraText CT - Text |
|
|
2.
Jong Mënsche sinn op fir d'Liewen a
fir dat Neit, wat virun hinne läit. Si ënnerhuele Versucher, fir op de Sënn vum Liewen nei Äntwerten ze fannen. Si erfueren awer och oft schmäerzhaft hir Grenzen an hunn Angscht, dass hir Erwaardungen net erfëllt ginn. Si sichen no Ausweeër, déi no verschidde Richtunge féiere kënnen. Si versichen duerch Upassung an onkritescht Verhalen der Konsumgesellschaft nozeginn. Si zéien sech zeréck an hir eege Liewens- an Erfarungswelt duerch eng eege Sprooch, Moud, Frisur, Kleedung. Si bauen sech eng eege Wonschwelt mat eegene Wäertvirstellungen op. Se flüchten eraus aus de gesellschaftleche Verflichtungen, ginn ufälleg fir Drogen, Alkohol, esosteresch Mouvementer a Sekten, Kriminalitéit. Si verléieren all Zukunftsperspektiven a maachen oder versiche mat hirem Liewe Schluss ze maachen. Anerer awer sichen en aneren Auswee. Et ass eng grouss Zuel vu jonke Mënschen, déi de Mutt hunn, sech géint den Trend ze stellen. Si sehnen sech no erfëlltem Liewen, no echter Fräiheet a Gemeinschaft, se stellen sech d'Fro nom Sënn vum Liewen, se wëllen hiert Liewen an d'Hand huelen, et an de Grëff kréien. Si entwerfen sech e Liewensprojet. Si loossen sech regelrecht interpelléieren duerch d'Nout an der Welt, duerch den Honger vu Mënschen, duerch Mënschen op der Flucht, duerch Mënschen, déi un de Rand vun der Gesellschaft gedrängt ginn. Si entdecken hiert Häerz fir déi aner an eng Generositéit kënnt an hinnen op, déi fir Erwuessener munchmol onverständlech ass. |
Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License |