Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Mgr Fernand Franck Jesus Christus... IntraText CT - Text |
|
|
3.
Si sichen no Virbiller, déi si
encouragéiere kënne fir hir Aspiratiounen ze realiséieren, Virbiller, déi hinnen Orientéierung gi kënnen. An do ass d'Kierch gefuerdert, net fir hinnen un éischter Stell eng Léier oder e Programm virzestellen, mä fir hinnen zu enger Begéinung mat deem ze verhëllefen, deen all hir Aspiratiounen erfëlle kann: Jesus Christus, deen deeselwechten ass gëschter, haut an éiweg! A Jesus Christus fannen si alles, wat si als Mënsche vun hirer Zäit an an hirem Liewensabschnitt brauchen. Well an him went Gott selwer sech hinnen zou, an dat an engem mënschleche Gesiicht. Dëst Gesiicht liicht hinnen net vu Plakater entgéint an och net vun den Titelsäite vun de Boulevardzeitungen. Mä an hirem éierleche Sichen ass et méiglech, dëst Gesiicht ze fannen - an honnerte vu Jugendleche bezeien dat. Si kënnen dëst Gesiicht fannen, well et sech hinne jo virdrun, ier se sech op d'Sich maachen, zougewant huet. Et gëllt ze maachen, wéi et an engem Lidd heescht: "Laisse-toi regarder par le Christ, car il t'aime"! Am Evangelium vum "Reiche Jüngling" hu mer et erfuer. An Dausende vu Jugendlecher hunn déi begléckend an ermuddegend Experienz um Weltjugenddag virun dräi Joer zu Paräis gemat, wou se ëmmer gerad mat dësem Evangelientext konfrontéiert goufen. |
Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License |