Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • D'Kierch vu Christus, eng Kierch fir jonk Leit
    • 4
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

4. Dës Evangelienzeen widerhëllt sech bestännech, an dat net nëmmen am
Liewe vun de Jugendlechen. "Da sah ihn Jesus an und, weil er ihn liebte,
sagte er."  De Jesus kuckt deen un, dee bei e kënnt, e went säi Bléck ni
of. Am Géigendeel, well en e gären huet, riicht en d'Wuert un en, schwätzt
en e ganz perséinlech un. De jonke Mann, vun deem am Evangelium rieds geet,
war och een, deen op der Sich war. Hee freet jo: "Meeschter, wat muss ech
maachen, fir dat éiwegt Liewen ze gewannen?" Hee gëtt sech net zefridde mat
deem, wat en huet a wat e mécht. Hee wëllt méi. Ähnlech ass et am Liewe vun
de jonke Mënschen. An hirem Häerz emfannen si, dat alles dat, wat si ëm
sech erëm erliewen, dach net alles ka sinn. Si wëlle méi, well si hunn
hiert Liewe jo nach virun sech. Si si voller Wënsch, Hoffnung an
Erwaardung, mä leider och scho geprägt vu Versoen, vu Wonnen, déi hinnen
zougefügt goufen, a vun Enttäuschungen. Mä och doraus erwuesse Froen a
maachen aus hinne Mënschen, déi op der Sich sinn.
De jonke Mënsch, dee bei de Jesus kënnt, gëtt vun him net ofgewisen. Den
Här huet fir heen en offent Ouer a gëtt em eng Äntwert. Déi Äntwert ass
allerdings keng bëlleg. Dëst Beispill soll de jonke Mënschen d'Kraaft ginn,
hir Froen ze stellen: nom Sënn vun hirem Liewen a Striewen. Virun allem
sollen se agesinn, datt et valabel Äntwerten op éierlech gestalte Froen
ginn. Onweigerlech fannen se dann Zougang zur Helleger Schrëft, si gëtt fir
si zum Liewensbuch. Si treffen sech mat aneren an tauschen hir Erfarungen
aus. Si engagéieren sech dann ëmmer méi fir eng besser a gëeente Welt a
maachen d'Erfarung, dass Jesus Christus net wäit ewech ass, mä matten
ënnert hinnen. An an all Mënsch, deem si begéinen, liicht säi Gesicht
hinnen entgéint.
Op deem Wee begéinen si dann och Maria, als déijéinech, déi si ëmmer méi zu
hirem Jong féiere wëllt, fir datt d'Begéinung mat Christus gléckt. Emfiele
mer elo an dësem Abléck Maria all Jugendlech aus eisem Land, besonnesch
déi, déi no der Wourecht an hirem Liewen an nom Sënn vun hirem Liewe
sichen. Maria soll d'Bild vun hirem Jong ëmmer méi an hiren Häerzer
opliichten an aus hiren Häerzer duerchliichte loossen.




zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License