Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Eng Pastoral fir chrëschtlech Gemeinschaften
    • 2
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

2. Wéi sollt en senger Kierch dann net och grad dann zur Säit stoen, wann
si sech drëm beméit, fir datt d'Mënschen d'Liewen hunn, "und es in Fülle
haben", wéi mer elo gerad aus dem Passage vum Johannesevangelium héieren
hunn. Jesus Christus ass mat sengem Geescht bei der Kierch haut, wou si an
enger komplett anerer Situatioun an a ganz komplexen Ëmstänn de Mënschen de
Message vum Liewe verkënnege wëll an och verkënnege muss. An d'Zuel vun de
Mënschen, déi innerhalb vun de Kierchemaueren sech dem Message stellen,
gëtt ëmmer méi kleng.
Mer däerfen awer keng äusserlech Strategien opbauen an och keng
Werbeinstituten aspanen, fir d'Zuel méi grouss ze maachen. Et soll äis
villméi dat uewe leien, wat d'Wiese vun der Kierch ausmécht, ze
realiséieren: d'Nofolleg vu Jesus Christus an d'Verwierklechung vum
Evangelium an eisem Liewen an an eiser Zäit. Natierlech solle mer äis
suergen, datt vill Leit net méi kommen. Mä mer däerfen awer net enger Art
Fixéierung op déi eidel Still erleien, an dann eventuell enger Resignatioun
verfalen, déi äis all Schwonk huele géif.



zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License