4.
Wéi war et mat den éischte
Chrëschten? Ass et net bezeechent, dass si
als Mënschen "vum nei Wee" bezeechent goufen! Si weisen äis domat op
eppes
Wichteges hin: dass d'chrëschtlecht Liewen net aus eenzelnen Akte besteet,
mä dass Chrëchtsinn e Liewensstil ass, deen een awer nëmmen am Matenee
léiere kann. Konkret heescht dat, zesummen mat aneren et maachen. De neien
Erzbëschof vu Westminster mécht an där Hinsicht e ganz konkrete Virschlag:
"Kuck, dass de véier oder fënnef Persoune fënns a kommt eemol am Mount
zesummen! Liest zesummen en Abschnitt aus der Bibel, biet dermat a bied
iwwer den Abschnitt an da schwätzt iwwert äert Liewen. Ech garantéieren
iech, wann der dat regelméisseg maacht, wäert den Hellege Geescht iech scho
wëssen dunn, wat der an ärer Liewenssituatioun maache sollt."
Esou e Grupp ass am Fong eng kleng "Weggemeinschaft". An eiser Zäit
fannen
sech ëmmer méi Mënschen an iwwerkuckbare Gemeinschaften zesummen. An esou
genannte "klenge Gruppen" erliewen si d'Chance, zou sech selwer ze
fannen
an och eng zimmlech wäitverbreet Orientéierungslosegkeet ze iwerwannen. Si
erfueren hire Glawen als eppes Lieweches, eppes wat mat hirem Liewen ze
dinn huet, eppes wat an hirem Liewen ewéi e roude Fuedem ass. De Bëschof
Lehmann vu Mainz huet eng Kéier geschriwwen: "Spiritualität und Glaube.
vollziehen sich nicht im luftleeren Raum, sondern in erfahrbarer Nähe und
Gemeinschaft." Schon d'Dekret iwwer d'Laienapostolat vum II. Vatikanesche
Konzil ënnersträicht, dass Vereenegungen, déi déi ënner Eenheet zwëschen
dem praktesche Liewe vun hire Memberen an hirem Glawe favoriséieren,
wäertvoll sinn. An datselwecht Dekret gëtt eng Gebrauchsanweisung un,
wann
et heescht, dass d'Membere mat hire Frënn an de klenge Gruppen d'Methoden
an d'Resultater vun hirer apostolescher Aktivitéit bespriechen an hiert
deeglecht Liewe mat dem Evangelium konfrontéieren. Et gi verschidde Forme
vun esou klenge Gruppen, déi aus hire Memberen eng Weggemeinschaft maachen.
Si hunn alleguerten eng gemeinsam Charakteristik, nämlech dass se de Glawen
net nëmmen als Wësse vu Wourechten ugesinn, mä dës Wourechten an hiert
Liewen ëmsetzen a weiderginn. Si si verbonnen ënnerteneen duerch e
gemeinsamt Band, déi géigesäiteg Léift. Si sinn integréiert, an dat mussen
si och sinn, an d'grouss Gemeinschaft vun der Kierch. Si si vernetzt mat
eise Paren, Parverbänn, Seelsorgsunitéiten an all anere kierchleche
Gemeinschaften (klengen a groussen), déi den "tissu vital" vun eiser
Lokalkierch ausmaachen. An hinne lieft Jesus Christus ëmmer méi op, hee
beschenkt se ëmmer méi mat sengem Liewen. Esou lieweg Gruppe bleiwen net am
Verbuergenen, mä duerch hiert Liewe bréngen se d'Liicht, dat Christus ass,
an hir Ëmwelt eran. Si liewen esou automatesch eng Dimensioun vun der
Kierch, déi fir d'Kierch wesentlech ass: déi missionaresch.
Am Fong sinn esou Mënsche marianesch Mënschen, déi wéi Maria Christus an
d'Welt erabréngen. Loosse mer drëm bieden, dass och an eiser Kierch emmer
méi esou Gruppen entstinn, an dass déi, déi schon do sinn, sech u Maria
orientéieren, si als Léif Fra vum Wee mat an hir Weggemeinschaft huelen.
|