Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Mgr Fernand Franck Jesus Christus... IntraText CT - Text |
|
|
2.
Eng Beruffung, wéi se och ëmmer
ausgesäit, déi den Eenzelnen als seng ureegen erkennt, ass a bleift Geschenk - e permanent Geschenk. Duerfir ass et scho wichteg, datt een sech ëmmer dohi begeet, zu deem higeet, deen se gëtt fir eng Missioun: zu Jesus Christus. Esou wéi de Johannes misste mer eise Kapp op d'Häerz vum Jesus leeën. Dat kléngt villäicht sentimental, mä et ass eng Viraussetzung vun der Trei. Gläich watfireng Verantwortung mer an der Kierch hunn, Geeschtlech oder Laien am kierchlechen Dingscht, dierfte mer äis net un éischter Stell als Responsabel gesinn, mä als Frënn vum Jesus, vun him erwielt, an d'Intimitéit mat him geruff fir seng Häerzensgeheimnisser ze erfueren, seet hien dach: "Ech nennen iech net méi Kniecht, mä Frënn, well alles wat ech vu mengem Papp weess, hunn ech iech matgedeelt." Do gesi mer wéi wichteg et ass, dat mer an eng Haltung vun Opmierksamkeet, eng attitude d'écoute, erawuessen. Och dat ass e Prozess, deen e ganzt Liewen undauert - "avec des hauts et des bas". |
Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License |